Zum Inhalt springen

Zu Gast im RTL-Webradio: Video „den Auto eleng ass net d’Léisung“

at preziséiert déi bekannt däitsch Anti-Auto-Aktivistin a Schrëftstellerin en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Fir eng méi nohalteg Mobilitéit, déi op de Mënsch zentréiert ass, soll een de Choix hunn. Et géinge vill Regioune ginn, wou een op den Auto ugewisen ass, well ee soss net mobil wier. An den Auto soll gären nach bleiwen, mä net méi als eenzeg Léisung. Dat sot d’Katja Diehl en Dënschdeg de Moien. Déi däitsch Schrëftstellerin a Beroderin fir nohalteg an inklusiv Mobilitéit war eis Invitée vun der Redaktioun.

Et muss een Alternative schafen an dofir brauch ee couragéiert Politiker, déi d’Mobilitéitsoffer ausbauen an d’Privileegie vum Auto ofschafen. Et misste manner Parkplazen zur Verfügung stoen a se missten och méi deier ginn. Donieft bräicht et méi Fuergemeinschaften an et misst een och manner Auto- an dofir méi Vëlosspuere bauen. Kee Wee ze maachen, wier ëmmer nach déi beschte Léisung, sou d’Expertin. Haut kéint ee villes digital maachen. An Däitschland kéinten zum Beispill 60 Prozent vun den Aarbechten digital gemaach ginn. Dat misst och net doheem sinn am Homeoffice, mä zum Beispill an engem Co-Working-Space.

Hier geht es zum Text und Video.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert